Skip to content

Description

Säit 1987 ass de Romain Kleer zu Useldeng benevole aktiv an huet sou munch Pionéier-Aarbecht geleescht.
Säin Engagement am Tourismus huet 1990 ugefaangen, wou de Romain dem “Syndicat d’Initiative et du Tourisme” bäigetrueden ass. Haut, 33 Joer méi spéit, ass hien nach ëmmer am Syndicat aktiv an huet säit längerem d’Funktioun vum President iwwerholl.
Duerch d’Renovatioun vun der Useldenger Buerg am Joer 2010, huet sech d’a.s.b.l. “Kultur- a Buergfrënn Useldeng” gegrënnt. De Romain gehéiert zu de Grënnungsmemberen an huet sech vun Ufank un staark an dëser Associatioun engagéiert. Am Joer 2018 ass hien zum President gewielt ginn. Ënnert senger Leedung sinn etlech touristesch a kulturell Projeten entstanen.
2017 sinn d’ ”Kultur- a Buergfrënn Useldeng” Porteur vum Leader-Projet Tourist Info-Point Atert-Wark ginn. De Romain huet dëse Projet besonnesch ab 2018, als President vun der Associatioun, staark ënnerstëtzt an zum Erfolleg vum Projet bäigedroen. Den Touristinfo ass deen eenzege professionellen Touristinfo an der ganzer Guttland-Regioun a besteet och haut nach ënnert dem Numm TouristInfo Wëlle Westen an ass säit 2019 ënnert der Verwaltung vum Syndicat Intercommunal “De Réidener Kanton”.
Zäitgläich zum Leader-Projet Tourist Info-Point Atert-Wark ass d’Kreativhaus ManuKultura vun de “Kultur- a Buergfrënn Useldeng” an d’Liewe geruff ginn. An dësem Kulturhaus gi Workshops zu de verschiddensten Themen ugebueden, un deene Leit aus dem In- an Ausland Deel huelen. Dëst dréit dozou bäi, dat d’Iwwernuechtungen an eiser Regioun klammen. An der ManuKultura ginn ënner anerem Keramiksatelieren, Liesungen, Coursen zu Ahneforschung, Konschtausstellungen, sou wéi Mol- a Bitzcoursen organiséiert. Zousätzlech dozou fannen Theatervirstellunge statt, bei deenen de Jemp Schuster an d’Betsy Denzer schonn opgetruede sinn. Weider Highlights si Concerten, bei deenen zum Beispill fir d’Läscht de Serge Tonnar opgetrueden ass. Dem Romain säin Engagement an dësem kulturelle Volet dréit dozou bäi Useldeng besonnesch fir Touristen aus dem Inland méi attraktiv ze maachen.
Ee weidert Haaptzil vun de “Kultur- a Buergfrënn Useldeng” besteet an der Animatioun a Promotioun vun der Useldenger Buerg. De Romain selwer ass schonn etlech Joer als Guide op der Useldenger Buerg engagéiert an huet scho vill Visiteuren aus dem In- an Ausland op eng Rees an d’Mëttelalter matgeholl. Hien ass offizielle Guide vum “Office Régional du Tourisme Centre/Ouest” (Guttland) an iwwerweist seng Bezuelung vum ORT ëmmer integral un d’Associatioun vun de “Kultur- a Buergfrënn Useldeng”, sou dat hien säi Guidage komplett benevole ubitt.
Ënnert dem Romain senger Leedung sinn déi läscht Joren verschidden Zorte vu Visitt Guidéeën op der Useldenger Buerg ausgeschafft ginn. Mat senger Hëllef kann d’Useldenger Buerg eng Offer fir Kanner a Familljen, eng Offer fir Leit mat enger geeschteger Beanträchtegung, eng Offer fir Leit mat enger Seihschwächt an eng klassesch guidéiert Visitt ubidden. Net ze vergiesse sinn d’Visitte by Night, an deene de Romain d’Visiteuren mat op eng spannend Rees iwwert Buerg hellt, an hinne Seeërcher a Legenden iwwert d’Buerg an Useldeng verzielt. Duerch dem Romain säin Input an Asaz fir déi touristesch Weiderentwécklung vun der Useldenger Buerg sinn staark Partnerschafte mam TouristInfo Wëlle Westen an dem “Office Régional du Tourisme Centre/Ouest” entstanen. Hei besonnesch ervirzehiewen, ass d’Dollarmatti-Tour, ee beléiften an originellen SlowTrip, deen an Zesummenaarbecht mam ORT Guttland ausgeschafft ginn ass.
Niewent dësen Offere vun der Useldenger Buerg, deenen de Romain vill Zäit an Häerz gewidmet huet, ass et him wichteg d’Buerg nach méi accessibel ze maachen. Esou war hien engagéiert eng online 360 Grad Tour auszeschaffen, déi de Leit, déi net esou mobil sinn, eng Visitt vun der Buerg erméiglecht. Dësen Tour kann een sech op der Websäit vun der Useldenger Gemeng ukucken an e gëtt de net sou mobille Gäscht an der Krypta vun der Buerg presentéiert. Zousätzlech dozou huet de Romain gehollef de Contenu un der App Nächst Statioun auszeschaffen. Am Joer 2021 huet de Romain am Numm vun de “Kultur- a Buergfrënn Useldeng” iwwert den ORT Guttland eng digital Borne virum TouristInfo Wëlle Westen zu Useldeng opriichte gelooss, duerch déi Visiteuren zu Useldeng alles iwwert déi regional touristesch Offer gewuer kënne ginn.
Duerch dem Romain säin Asaz ass Useldeng touristesch staark opgewäert ginn. Déi aktuell Wanderweeër zu Useldeng (den Autopedestre an déi lokal Trëppelweeër Hieselwee a Bunnewee) sinn mat Hëllef vu sengem Engagement entstanen. 2023 lancéieren d’ ”Kultur- a Buergfrënn Useldeng”, ënnert dem Romain senger Leedung, de Wichtelwee. Dëst ass ee Kanner-Trëppeltour, bei deem Seeërcher aus dem Greth sengem Sagenschatz op Panneau’en a mat Video-Dateien an enger einfacher Sproch verzielt ginn. Zousätzlech dozou huet de Romain dozou bäigedroen, dat de fréieren Dreckstipp op der Vëlospist tëschent Rippweiler a Näerden amenagéiert gouf, sou dat mir elo eng flott Vëlospist hunn, déi vu villen nationalen an internationalen Touriste benotzt gëtt.
Als President a Benevole vu “Natur an Ëmwelt – Kanton Réiden” läit him de Schutz vun der Natur, den Déieren an der Ëmwelt besonnesch um Häerz. Deemno weess hie genau, wéi wichteg och dësen Aspekt am Tourismus an den domat verbonnenen touristeschen Offeren zu Useldeng ass.
De Romain ass och Benevole an der “Useldenger Härenekipp”. Dëse Veräin organiséiert all Joer dat bekannte Mëttelalterfest, een Evenement, dat vill Touristen aus der Groussregioun op Useldeng zitt.
Dës weideren ass hien als Member bei den “Amis du Prieuré” engagéiert. Hei weist hien säin Engagement fir den Erhalt vun der lëtzebuergescher Geschicht. An dësem Kontext organiséiert hien och guidéiert Visitten, déi souwuel vun Touristen, wéi och vun Eenheemeschen besicht ginn.
Dem Romain säin Engagement am kulturellen an touristesche Beräich weist, wéi vill Zäit an Häerz hien der touristescher Weiderentwécklung vun Useldeng widmet. Vun der Mat-Hëllef bei der Organisatioun vum Useldenger Mëttelalterfest, iwwert d’Organisatioun vu Concert’en an Theaterstécker bis hin zum Ausschaffe vun Trëppelweeër, guidéierte Visitten a Guidagen; de Romain ass un allen Ecken engagéiert a motivéiert Useldeng touristesch opzewäerten. Duerch d’Betreiung vum Leader-Projet Tourist Info-Point Atert-Wark an den Opbau vun enger staarker Zesummenaarbecht mam ORT Guttland, denkt de Romain iwwert d’Grenzen vun Useldeng eraus a setzt sech och fir den regionalen Tourismus am Wëlle Westen an an der ganzer Guttland-Regioun an.
D’Zesummeschaffe mam Romain ass fir all bedeelegt Persoun ëmmer agreabel a mécht Freed. Als Useldenger Jong läit säin Heemechtsduerf him um Häerz, wat een an der Zesummenaarbecht mat him staark spiert. Säin Wëssen iwwert d’Useldenger Buerg an d’Geschicht vun Useldeng, sou wéi seng Anekdoten iwwert säin Heemechtsduerf, beräicheren d’Projet’en, un deenen hien matschafft, staark. Bei all sengem Engagement huet hie fir seng Matmënschen an Aarbechtspartner ëmmer een oppent Ouer. Hien schätzt den Input vu senge Kooperatiounspartner an och vun den Employéeë vun de “Kultur- a Buergfrënn Useldeng” a weist sech opgeschloss fir nei Iddi’en. Mat senger respektvoller Manéier a sengem gudden Häerz suergt hien ëmmer fir eng frëndlech Atmosphär, an där sech seng Géigeniwwer an zumools seng Employéëen wuel fillen. Hätten nëmmen epuer Dierfer an eisem Land sou een engagéierten Bierger wéi de Romain, dann wier Lëtzebuerg a säi ländlechen Tourismus definitiv e Stéck méi wäit!