Skip to content

Description

De Slowtrip "Dollarmatti" ass eng authentesch Visitt wou d'Liewen vun der Dollarmatti nees opliewe léisst. Während 2h30 léiert ee méi vun der Dollarmatti an hierem deemolege Liewen kennen.

De Slowtrip “Dollarmatti” ass eng authentesch Visitt wou d’Liewen vun der Dollarmatti nees opliewe léisst. Während 2h30 léiert ee méi vun der Dollarmatti an hierem deemolege Liewen kennen.

Bei dësem Slowtrip schwätze mir eng nei Zielgrupp un. Des Visitt ass fir Leit déi net op der Sich no enger klassescher Visitt sinn mee op der Sich no Storytelling, wou se gezielt mat agebonnen ginn a wou net vergiess gett de Leit d’Geschicht an d’Kultur méi no ze bréngen.

Mir zerwéieren gréisstendeels Produiten déi hei produzéiert ginn. (Gebees vun Autisme.lu,Brout an Taart vum lokale Bäcker,Fleesch vum M. Kirsch, Kéis vu Berdorf,…)Wou mir kënnen, kaafe mir och BIO. Mir wësse genau wéi vill mir akafen an hu soumat keen bis kaum Offall.

An dëser Visitt gëtt d’Liewen vun freiher nogespillt deemno wier et net authentesch eppes ze digitaliséieren.
Wann Demande do ass kéinte mir d’Buerg Virtuel besichtegen, mat eiser 360 Grad Tour. Dës kënne Leit déi net esou mobil sinn sech dann mam Guide an der Krypte op engem Ecran ukucken.