Skip to content

Description

Den Här Zanter Fernand ass net nëmmen den aktuelle Präsident vum Syndicat d’Initiative Stolzebuerg, mee och dee Präsident, dee säit der Grënnung vum Veräin um Rudder ass.
Well all Gemeng sech op ee Syndicat d’Initiative muss begrenzen, ass den Här Zanter wärend senge mëttlerweil 29 Joer am Amt, net nëmmen als Stellvertrieder vum Duerf Stolzebuerg, mee awer och ëmmer mam Gedanke fir dat beschte Bild vun der Gemeng no baussen ze representéieren, an onzielege Versammlung a Reuniounen ëmmer mat vollem Asaz bei der Saach gewiescht.
Fir alleguerten d’Meritte vum Syndicat hei opzezielen, géif d’Beschreiwung sprengen. Hei just e puer Saache rausgepickt.
An Zesummenaarbecht mat der Gemeng ass 1995 de Projet vun der Duerfernéierung Stolzebuerg richteg virugedriwwe ginn, de Veräinssall an der aler Schoul gouf ëmgesat, dat aalt Douaniershäischen op der Grenz zu Däitschland ass revaloriséiert ginn a krut mam touristeschen Informatiounspunkt och eng néi Aufgab.
De gréissten touristeschen Atout krut Stolzebuerg awer sécherlech mat der Opaarbechtung vun der Duerfgeschicht a Form vun der Koffergrouf. Déi al Schoul ass an 3 Phasen zu enger interessanter Aktivitéit ginn, déi all Joer Honnerte vu Leit an dat schéint Dierfchen nieft der Our zitt.
Koffergrouf ëmfaasst 3 Volete – 1x Musée am Duerf 1x de Léierpad bei der Koffergrouf an 1x Koffergrouf selwer. Hei huet de Fernand maassgeeblech gehollef dëst ze verwierklechen.
Net méi spéit ewéi zanter 2022 ass dëst Expositioun och digitaliséiert ginn a mat de Guidagen déi all Joer statt fannen, ass sécher gestallt dat dëst Stéck Geschicht net wäert verluer goen. De Fernand hat net nëmme wärend dëse Projet een excellenten Drot zu de jeeweilege Verwaltungen, a wousst ëmmer wou Hëllef ze fanne wier, mee och hutt sech eng Dynamik entwéckelt an dat ganzt Duerf hutt un engem Strang gezunn.
Iwwert di lescht Joren huet de Fernand di komplett Organisatioun vun de Féierunge gemaach, dëst vun der Reservatioun bis hin zum organiséiere vun engem Guide. Hei wosst hien all Dag wat maachen.
Déi lokal Zeitung „De Pannewippchen“, déi sech mat der Geschicht an Entwécklung vum Duerf Stolzebuerg beschäftegt, ass a groussen Deeler ënnert der Regie vum Här Zanter entstanen, natierlech mat dem Input vun aneren Awunner aus dem Duerf.
Nieft der Auszeechnung mat dem éischte Präis beim Concours “Schéin Dierfer a Stied” aus dem Joer 2001, ass et ni wierklech roueg gewiescht an den Här Zanter koum ëmmer erëm mat néien Ideen. Esou ass et och komm, dat all Joers ee Schwammponton op der Our opgeriicht gëtt, e wou kleng a grouss sech kënne wärend de Summerméint ofkillen. D’läscht Joer ass och den ale Klackentuerm nieft der Kierch nees richteg a Valeur gesat ginn. an engem Projet iwwert e puer Méint ass do mat der Bedeelegung vu verschiddene lokalen Acteuren an ënnert der onermiddlecher Präsens vu Leit aus dem Syndicat an Zesummenaarbecht mat engem auslännesche Spezialist eng Klack gegoss ginn, déi spéider hin geweit konnt ginn an elo hier Plaz am Klackentuerm ageholl hutt.
E vun de groussen Attraktioune fir ganz Regioun ass Planzebourse déi all Joer den 2ten resp 3ten Weekend am September dausende vu Leit vu Lëtzebuerg awer och aus dem noen Ausland op Stolzebuerg bruecht huet. Hei war och ëmmer de Motto – no der Bourse ass virun der Bourse. Di vun dësem Joer war eriwwer a schonn ass un der nächster geplangt ginn. Dem Fernand war ni eng Stonn ze spéit an esou si mer an tëschent bei der 21. Planzebourse ukomm.
Ewéi Dir gesitt, kënnt een hei nach ganz vill méi wäit aushuelen, mee mir als Gemengevertrieder konnten Iech hoffentlech ee klengt Bild zeechne firwat mir denken, datt den Här Zanter dee richtege wier, vir geéiert ze ginn.