Skip to content

Description

De Wichtelwee ass ee Wanderwee fir Kanner a Famillen zu Useldeng. Ënnerwee sinn 12 Panneaue mat Geschichten a Legenden iwwert Wiichtelcher op Letzeboieg. QR Coden mat Accès op 4 Sproochen

De Wichtelwee ass ee Wanderwee fir Kanner a Famillen zu Useldeng. Ënnerwee sinn 12 Panneaue mat Geschichten a Legenden iwwert Wiichtelcher op Letzeboieg. QR Coden mat Accès op 4 Sproochen

Vill Leit froen no Wanderweeër mat Kanner. De Wee kann een direkt vum TouristInfo starten an et muss een neirends extra mam Auto hifueren. Ausserdeem ass dëse Wee interessant fir Awunner aus an em Useldeng. Well d’Audiodateien op 4 Sprooche verfügbar sinn, schwätze mir Touristen aus ville Länner un.

De Wee ass mat Holzpottoe markéiert, déi an d’Natur passen. Et si just 12 Pottoen installéiert fir d’Naturbild net ze stéiren. D’Potto’en si mam Feradix System agesat. Start ass an der Geigend vun engem Busarrêt. Duerch d’QR Codes mussen d’Pottoen net a méi Sproochen installéiert ginn.

Op de Panneau’en fënnt een elo schonn ee QR Code, déi een Zougrëff op Website vun der Gemeng Useldeng wou et Audiodateie vu 4 Sprooche ginn. Zukünfteg kann een op der Website och weider Informatioune anpfleegen. De Wee kann een och op Wander-Apps unleen.